Theatre

Theatre

Den Theatergrupp huet och dëst Joer eng Obfeierung zum Ofschloss vum Schouljoer gemach. Ennert der Leedung vum Natalia Sanchez hun den Ben Lullingen, Tom Zadworny, Guilherme Barreiro an Edy Brimeyer 2 löschteg Geschichten selwer entweckelt an gespillt. Sie hun dës Keier eng aner Form vun Theater gewielt, nämlech Maskentheater. Hei get ouni Wieder gespillt, nëmmen mat Kierpersproch. An die 4 hun dat mat vollem Kierperasatz ob Bühn bruecht. Schüler vun verschiddenen Klassen mat hieren Proffen soutzen am Zuschauerraum an haten hiren Spass. Mat vill Applaus goufen Theaterspiller an Vakanz gescheckt.
E groussen Merci un Natalia Sanchez, wat et ëmmer rem färdeg brengt, mat vill Asatz an gudden Iddien Schüler ze motiveieren an se an hierem Theaterspill weider ze brengen.
Och am Schouljoer 2019-2020 soll den Theatergrupp weider bestoen. Dofir elo schon den Obruff un all interesseiert Schüler fir sech no der Summervakanz anzeschreiwen.