LASEL

LASEL

AXXESS Cross – LASEL

Den 18. Oktober hat d ‘LASEL zesummen mat AXXESS en Cross am Bambësch organiséiert. Een Schüler aus dem LPEM huet un dësem Laf deelgeholl.

No 4140 Meter an enger Zeit vun 15:20,66 Minutten koum eng exzellenten 3. Plaz eraus. Soumat konnt den LPEM seng éischten Podiumsplaz fir dëst Schouljoer féieren.

 

Ready to Climb

Um 08. November waren 4 Schüler aus dem LPEM um “ready to climb” vun der LASEL.

T’Schüler konnten un der Klammwand vum LAML an un der Boulderwand vum AL Erfahrungen sammelen.

Insgesamt waren 19 verschidden Aufgaben ze bewältegen. Déi Schüler déi op t’mannst 13 Aufgaben

erfollegräich ofgeschloss hunn, kruuten een Punkt fir den LPEM am “School Challenge 2018-2019”.

 

Bike Day 2018 – LASEL

Déi zweeten LASEL Manifestatioun wou eis Schüler dëst Joer motivéiert matgemaach hunn war den Bike Day, den 11. Oktober. Hei koumen Schüler aus dem ganzen Land zesummen fir op an rondrëm der Spillplaz am Bambësch hir Fuertechnik um Mountainbike ze verbesseren.

 

 

8 Schüler haten hiren Vëlo mat an d ‘Schoul bruecht an sinn dunn zesummen vun Dummeldeng an den Bambësch gefuer. Do sinn si an 9 verschiddenen Atelieren passéiert, wou si ënnerschiddlech Parcoursen hunn missten duerchfueren.

No dësem ustrengenden Nomëtteg sinn mir dunn rëm zesummen mam Mountainbike zréck bei den Lycée gefuer.

 

Relais Orange -LASEL

Wéi all Joer war déi éischt Manifestatioun vun der LASEL am néien Schouljoer 2018/19, déi wéi gewinnt op engem Donneschden Nomëtteg stattfënnt, d ‘Relais Orange. Dës gouf an Zesummenaarbecht mat Orange den 4. Oktober op der Kockelscheier organiséiert.

Béi dësem Staffellaf sinn jeeweils 6 Schüler aus enger Schoul an enger Ekipp ugetrueden. Jiddereen huet missten een Tour vun ronn engem Kilometer ronderëm d ‘Weieren esou schnell wei méiglech hannert sech bréngen.

Eis Schüler sinn béi dëser Staffel déi 10. beschten Zéit gelaf, woubäi hier Zäit awer net an d ‘Klassement mat agefloss ass, well just 5 Schüler an der Ekipp waren. Soumat huet een vun hinnen missten 2 mol lafen. No 25 Minutten an 13 Sekonnen huet eisen leschten Leefer d ‘Zil iwwerschratt.

Dat ganzt Klassement fënnt een op der Homepage vun der LASEL (http://lasel.lu/cal/cal1819t1/resul_ATH_REL.pdf).

Béi schéinem Wieder op der Kockelscheier, war et en flotten Optakt an en neit sportlecht Schouljoer mat der LASEL.