Visite vun der Chambre des Députés

Visite vun der Chambre des Députés

D’Klassen 3GIG a 4GIG aus dem Lycée Privé Emile Metz waren zesumme mat hire Proffen, der Madamm Brigitte Ley an den Hären Alain Thiry a Florent Schennetten d’Lëtzebuerger Parlament besichen. Si goufen do vum Här Deputéierte Franz Fayot an der Madamm Viviane Heinen, Responsabel vun den Ëffentlechkeetsaarbechte vun der Chamber immens häerzlech empfaangen.

Fir d’éischt goufen d’Gäscht duerch verschidde Reim gefouert, an deenen si déi historesch a politesch Evolutioune vu Lëtzebuerg a vu senge politeschen Institutioune lieweg erkläert kruten. D‘ Schüler an d‘ Proffe gouf verdäitlecht, duerch wat fir glécklech Zoufäll Lëtzebuerg eng eege Monarchie ginn ass a wéi och seng Onofhängegkeet a säi politesche System no Referenden, Kricher a aner kritesch Evenementer schlussendlech dach bis haut verdeedegt konnt ginn. Duerno ass de Grupp an de Plenarsall vun de Chamber guidéiert ginn, wou jiddwer Schüler sech op engem Stull vun engem Parlamentarier oder vun engem Regierungsmember Platz huet duerfen huelen.

No engem kuerzen Iwwerbléck iwwert de Fonctionnement vun der Chamber ass den Här Deputéierte Franz Fayot séier op d’Aktualitéit an op d’Froe vun de Schüler iwwergaangen. Am Ufank hunn den Här Deputéierten an d’Schüler sech iwwert déi jéngst Studentemanifestatioun zum Klimawandel ausgetosch.  Dobäi hunn d’Schüler souwuel Froen un de Här Fayot geriicht, wéi och Fuerderungen a Virschléi matgedeelt. Duerno sinn nach Sujete wéi d’Auslännerwahlrecht, d’Défaillance vun eisem Schoulsystem, de Niddergang vun de sougenannte Volleksparteien an déi dacks vum Vollek empfonnten Incredibilitéit vun der Politiker duerch net Observatioun vum Wielerwëllen thematiséiert ginn.

Fir munch Schüler war et den éischte Kontakt mat engem Politiker a verschiddener hunn dofir am Ufank méi hesitéiert, fir hir Froen ze stellen an hir Meenung duerch Argumenter ze manifestéieren. Aner Schüler – besonnesch déi vun der 3GIG – hu scho mat Politiker am Kader vum Europaprojet „Ecole Ambassadrice du Parlement Européen“, beim „Metzer Thememoien“, bei der Visitt vum Europaparlament zu Stroossbuerg oder bei anerer Eventer diskutéiert a Meenungen ausgetosch. Si waren dunn och manner schei, an hunn d’Eis fir déi nofolgend, fir béid Säiten immens interessant, Diskussioun gebrach. No gutt Annerhallefstonn huet een a vill zefridden, awer och an ugestrengte Gesiichter gekuckt. Vill Froen si gestallt ginn, nëmmen een Deel vun den Themefelder konnten traitéiert ginn, mee vill Kloerheet konnt geschaafen, munch Brécke gebaut a munch Viruerteel ofgebaut ginn. Fir dem Här Deputéierte Franz Fayot an der Madamm Viviane Heinen villmools Merci ze soen, fir déi vill Erklärungen an déi perfekt Organisatioun, hunn d’Visiteuren hinne jee eng nohalteg a klimaneutral produzéiert Dopper-Gedrénksfläsch geschenkt, déi vun der Mini-entreprise “ReLife” aus hirer Schoul vermaart gëtt.

Comments are closed.