Cérémonie de remise des plaquettes aux Ecoles Ambassadrices du Parlement Européen Vendredi le 28 septembre 2018

Cérémonie de remise des plaquettes aux Ecoles Ambassadrices du Parlement Européen Vendredi le 28 septembre 2018

Um Europadag hat d’3GTG aus dem „Lycée Privé Emile Metz“ am Kader vum Projet « École Ambassadrice du Parlement Européen » d’Klassen vu 9e bis 13e zu engem Austausch mat Flüchtlingsstudenten aus dem Afghanistan, Syrien an dem Irak invitéiert. D’Zieler vun dëser Renconter waren d’Kollekte vun Informatiounen aus éischter Hand iwwert d’Liewen a Krisen- an a Krichsregiounen, den Ofbau vu Viruerteeler, d’Promotioun vun de Mënscherechter an d’Ervirhiewe vun engem friddleche Liewen innerhalb enger Europäescher Unioun, déi op gemeinsam Wäerter berout. Aus dësen Optiken eraus haten d’ “Junior Ambassadeuren” am Virfeld verschidden Themefelder mat Froen preparéiert an doropshin gouf eng lieweg Diskussioun op Englesch gefouert. No gutt annerhallwer Stonn intensivem an animéiertem Austausch konnt een a ganz vill zefridde Gesiichter kucken. D’Klasse ware vun hire Professere Gisèle Coner, Marc Gilniat, Jean-Paul Kirsch, Pascal Thill a Florent Schennetten begleet ginn.

Comments are closed.